Iwwer eis

Crèche Millepattes besteet zanter 2003. Mir kennen op vill schéi Joren an op vill Kanner déi bei eis grouss gi sinn zréck kucken. Duerch des Erfarungen a stänneg Weiderentwécklung wëssen mir wat Kanner brauchen fir sech wuel ze fillen a frouh ze sinn.
Eis ass et besonnesch wichteg, dass Kanner an engem häerzlechem Ëmfeld hier Zäit verbréngen. Dat heescht fir eis,
  • een Haus mat sengem Bausseberäich daat heemlech a frëndlech gestalt ass, wou Kanner, a Sécherheet grouss kenne ginn a sou vill wei méiglech spillen, entdecken, probéieren a léiere kennen,
  • all Kand, mat sengen individuellen a besonnesche Bedierfnisser esou zu huele wei et ass, an et an Zesummenaarbecht mat den Eltere beschtméiglech ze begleeden,
  • eng stabil, professionell a méisproocheg Equipe, deenen d’Aarbecht mat de klenge Kanner um Häerze läit.

Eist Konzept

Mir ginn dovunner aus, dass all Kand eenzegaarteg ass, an op seng eegen Aart a Weis d‘Welt verstoe léiert ; well déi éischte Liewensjoer vum Kand sech besonnesch doduerch auszeechnen, ze verstoe wei ee Kand léiert, beschränke mir eis net op eng spezifesch Pädagogik. Et ass un eis, an Zesummenaarbecht mat der Famill , den Encadrement a d’Bildung vum Kand esou ze gestalte wei Kand dat brauch  Mir bidden dofir eng non-formal Bildung un.

Wichteg Charakteristiken a Prinzipien sinn e.A.
  • De Kanner dee Raum a Méiglechkeeten ze ginn wou hier ganzheetlech Entwécklung gestäerkt ka ginn 
  • Wuelfillen, Freed an Unerkennung  
  • Autonomie a Freiwellegkeet
  • Diversitéit an ee inklusiven Usaatz
  • E Gläichgewiicht teschtent Oppenheet a Struktur
  • Begleedung an zesummeléieren
  • D’Welt mat alle Sënner entdecken en erfuerschen
  • Vill Zäit fir ze spillen an dobäi ze léieren

D‘Natur

D’Natur, als pädagogescht Instrument (Spillen a Léieren), spillt bei eis eng wichteg Roll a vereent sech wonnerbar mat der non-formalerBildung.
 
Mir ginn all Dag eraus,  zu all Joreszäit a Wieder (ausser bei Stuerm, oder ze héijen Temperaturen).
 
Mir hunn ee ganz grousse Bausseberäich mat e.A. Sand- a Matschberäicher,, verschidde Schaukelen, Rutsch – a Klootergerüst, Häisecher, Weedenhütt asw.. Dëse Beräich ass esou gestalt, dass Kanner a Puppelcher , sou vill wéi si wëllen hei kenne verbréngen . Och eisen Alldag an Aktivitéite verleeë mir sou oft wei méiglech no baussen.
 
Eise Grupp fir Kanner vun 2 bis 4 Joer ass bal all Moien ënnerwee am Bësch, dee mir a 15 Minuten erreechen. Hei hu mir sëllege Plazen, déi de Kanner vertraut sinn, an entdecken ëmmer erëm Neies.
 
An der Gemeng ginn et vill Méiglechkeeten den Daach mat der Natur ze verbannen, zum Beispill de Besuch um Bauerenhaff, allerlee ëffentlechSpillplazen, asw.
 

Eis Gruppen

D'Blummewiss - 13 Kanner vun 0 bis 2 Joer
Am Wiichtelland: 8 Kanner vun 1,5 bis 4 Joer
Am Märchebesch: 13 Kanner vun 2 bis 4 Joer
 
Eis Gruppe sinn no Alter a Bedierfnisser vun de Kannerzesummegesat. All Grupp huet seng Säll déi entspriechend dem Altervun de Kanner ageriicht sinn.
 
Eist Haus vun +- 500m² ass ganz fir d'Kanner aménagéiert. Den  1. Stack, ass fir d'Kanner am Alter vun 0 – 2 Joer. 2 oppe Gruppesäll mat enger grousser Aussiicht iwwert de Bausseberäich, d’Buedzëmmer, de Vestiaire an 3 weider Reim fir ze schlofen an entspaanten Aktivitéiten.
 
Um Rez d’Chaussée hu mir 3 Gruppesäll, fir d’Kanner am Alter vun 1,5 – 4 Joer wou si ënnerschiddlech Beräicher optreffen, ZB ee grousse Kreativberäich, Rollenspillecker, Platze fir sech ze verstoppen an ze raschten, Bicher a Bauecker, Platz fir sech beweegen an ze kloteren asw. Ugrenzend fanne Kanner hire Vestiaire, Buedzëmmer an den direkten Zougang zum Bausseberäich.
 
Eisen 2. an ënneschte Stack sinn net fir Kanner erreechbar.Hei befannen sech Personalreimlechkeeten an eng Kiche wou d’Iesse fir d’Kanner zoubereet gëtt.
 

Eis Equipe

Eng  stabil, méisproocheg a professionell Equipe sinn wichteg Bezuchspersounen vum Kand an hirer Famill a mir garantéieren e léiwen a qualitativen Emgang. Eis individuell Fäegkeeten, konstant Weiderbildungen a wichteg Wäerter beräicheren eis deeglech Aarbecht mat a fir Kanner.

D’Carole -  Directrice zanter 2003  / Educatrice diplômée
D‘ Nathalie / Educatrice diplômée
D‘Suzana / Educatrice diplômée
D`Mersida / Educatrice diplômée
D‘Odile / Naturcoach
D’Natalia / Ausbildung am Bereich vun der Beweegung
D‘Lise  / Ausbildung am Bereich vun der Kommunikation an Sproochen
D’Sarah / Auxiliaire de vie
D ’Linda / an der Ausbildung am edukativen Beräich
Den Helmut / Aide – éducateur
D’Jhovana  / Aide – éducatrice

Mir schwätzen: LUX - FRA - DEU - ENG - POR - ESP - RUS - UKR - HRW

Sicht Dir no enger Crèche, dei fir Äert Kand passt, dann zéckt net eis ze kontaktéieren. Mir ginn Iech gären en Abléck an Infromatiounen iwwer eis Organisatioun.